Mär si viru Kuerzem vun enger Persoun gewuer ginn, dass hir privat Handynummer zesumme mat hirem Numm an der Adress op editus.lu ze fanne war.
Laut dem Gesetz vum 27 Februar 2011 sinn d’Provider verflicht den Entreprisen déi Telefonsbicher erausginn, d’Donnéeën (Numm, Adress an Telefonsnummer) vun hiren Abonnente mattzedeelen. Dëst gëllt awer nëme fir déi Abonennten déi dofir dem Provider hiren Akkord ginn hunn.
Doropshin hu maer déi verschidden “Conditions générales de vente” (CGV) vun de bekannte Lëtzebuerger Telekommunikatiouns Provider analyséiert an hu festgestallt, dass all Provider eng Rubrik “Annuaire” a sengen CGV stoen huet.
Bei de CVG vun Tango, Post an Join steet awer kloer dran, dass de Client säin Accord muss ginn, fir datt si déi Donnée (Numm an Nummer an eventuelle de Beruff) un en Editeur vun engem Telefonsbuch weiderginn.
Erstaunlecherweis ass et bei Orange a bei Luxembourg Online awer genau ëmgekéiert : Hei ginn d’Donnée vum Client automatesch publizéiert, ausser de Client besteet beim ofschléissen vum Kontrakt drop, dass seng Donnéeën net public gemaach ginn.



Mär roden iech alleguer, eng Kéier ären Numm duerch de Suchformulaire vun Editus.lu an Yellow.lu lafen ze loossen, fir ze kontrolléieren ob är Privat Nummer do steet. Falls där référencéiert sidd an är Donnéeën geläscht wëllt kréien, dann schreift är Demande op:
info-privacy@editus.lu fir Editus.lu ; an contact@yellow.lu fir Yellow.lu
Denkt och drun an engems ärem Provider mattzedeelen, dass där är Donnéeën net public wëllt hunn.
Hei fannt där alles fir sëlwer nozeliesen:
Conditions générales de vente ORANGE