D’Associatioun AKTIVEN DATESCHUTZ ass de Moment amgaangen iwwerpréiwen ze loossen, ob de PV dee bei enger Radarkontroll un déi Betraffe geschéckt gëtt, rechtméisseg ass.
Säit dem 1. August 2018 ass en néit Dateschutzgesetz a Kraaft getrueden, an saitdeem misst eigentlech d’Foto vum geblëtzte Gefier un de Propriétaire geschéckt ginn, respektiv misst de Propriétaire einfachen Zougang op déi Foto hunn. Dat ass awer net de Fall, wëll de Propriétaire vum geblëtzten Auto sech den Ament nach op Bartreng an de Centre de Traitement beweege muss fir déi Foto ze consultéieren.
All deene Concernéierten déi an der läscht geblëtzt gi sinn an nach net bezuelt hunn, rode maer eng schrëftlech Demande bei der Police ze machen, fir hir Foto heemgeschéckt, respektiv via Email zougestallt ze kréien. Gesetzlech ass d’Police nämlech verflicht iech einfachen Zougang zu der Foto ze ginn.
Maer halen iech selbstverständlech um Courant soubal den Avis vun eisen Experten fäerdeg ass.
E schéine Weekend!
Le comité de gérance